Logo de l'Amicale LNB en bleu, avec le texte 'Amicale LNB' inscrit.

Amicale News

Entdeckt d’Highlights an déi Schéinst Momenter vun eise vergaangenen Aktivitéiten an Eventer.

LNB RECONNECT 2026

Fête des Anciens reloaded

D’ALNB invitéiert Iech häerzlech op den LNB Reconnect 2026.

Wéini? Mëttwochs, 13. Mee 2026 ab 19:30

Wou? Am Parc Le’h

Umeldungen nëmme bis de 6. Mee 26 iwwert e Mail op amicale@lnbd.lu an dem äre Choix steet vun deenen eenzele Platen an  op een de Forfait Boissons (=VV) wëllt.

Dat heescht z.B. AE2+VV

D’Reservéierung ass definitiv mat engem Virement op eise Konto:

AMICALE DU LYCÉE NIC BIEVER

LU66 0019 7955 8618 3000

  • 60 Euro fir de Menu
  • 25 Euro fir de Forfait Boissons ( 4 Glieser Wäin oder Béier an 1/2 l Waasser)

Alles wat doriwwer eraus consomméiert gëtt, gëtt owes sur Place bezuelt.

D’Amicale ass frou eng Coupe Bubbly vum Schumacher-Lethal als Aperitif mat hiren 2 amuse-bouche  ze offréieren.

Amicale Cup de Pétanque

D’ALNB invitéiert Iech op d’Amicale Cup Pétanque.

Datum : 18. Juli 2026

Plaz : Boulodrome, Diddeleng

Amicale Cup de pétanque

Et ass och nees en offizielle Match um Boulodrom geplangt (Samschdes, den 11. Juli 2026).


Méi Informatioune ginn nach annoncéiert.

Statuts 2025

Mise en conformité à la loi du 7 août 2023 portant sur les associations sans but lucratif et les fondations.

 

Cycle de lecture

Liesung

Am Kader vun eisen neien Aktivitéiten, luet d’Amicale vum LNB Iech ganz häerzlech op déi zweete Liesung an.

Wéini: 9. Oktober um 19:00

Wou: Am Festsall vum Lycée Nic-Biever

Wat: Liesung vum René Welter a Steve Hoegener

Musikalesch Begleedung vum Laetitia Koener mat Lidder vum Leonard Cohen an eege Kompositiounen.

Aschreiwung: Bis de 7. Oktober iwwert www.alnb.lu/ oder mat engem Mail op amicale@lnbd.lu

Mir géifen eis freeën Iech bei dëser Geleeënheet ze gesinn.

 

 

Cycle de lecture

Liesung vum Faby Schintgen a vum Elma Kajevic

Mir lueden Iech ganz häerzlech op eisen drëtte Liesowend an.

Wéini: Méindes, den 9. Februar 2026 um 19:00

Wou: am Festsall vum LNB

Wat: Liesung vum Faby Schintgen an Elma Kajevic mat musikalescher Begleedung vum Carla Bellucci.

Aschreiwungen: Bis de 8. Februar iwwert www.alnb.lu/ oder mat engem Mail op amicale@lnbd.lu

Mir géifen eis freeën Iech bei dëser Geleeënheet ze gesinn.