Logo de l'Amicale LNB en bleu, avec le texte 'Amicale LNB' inscrit.

Aktivitéiten

Hei fannt dir d’Detailer vun den Events. Vergiesst net, d’Datumer an d’Deadline fir d’Umeldung genau ze kontrolléieren.

Assemblée générale

D’ALNB invitéiert Iech häerzlech op eis Generalversammlung mat enger Degustatioun a kalem Buffet.

Datum : Dënschdes, 24. Mäerz 2026 ab 19:00
Plaz : Festsall vum LNB

Hei den Ordre du Jour :

1. Usprooch vun eiser Presidentin Caroline Welter
2. Begréissung duerch de Direkter vum LNB Yves Schmartz
3. Aktivitéitsbericht vum Sekretär
4. Keesebericht vum Tresorier
5. Bericht vun de Keesereviseuren
6. Ofstëmmung vun de Rapporten
7. Wale fir en neie Comité.
8. Wal vun 2 Keesereviseuren.
9. Presentatioun vum Budget fir 2026
10. Aktivitéite fir 2026; all Propositiounen si wëllkomm.
11. Verschiddenes

Fir den neie Comité stinn all déi aktuell Memberen nees zur Verfügung; mir hoffen awer op e puer nei Kandidaturen.

No der Generalversammlung ass ewéi ëmmer e Buffet (20.00 Auer), dëst Joer combinéiert mat enger Degustatioun vu Wäiner aus dem Haus FRU.

Wann der derbäi wëllt sinn, da mellt iech, bis spéitstens Donneschdes, den 19. Mäerz u, per Mail : amicale@lnbd.lu. De Präis vum Buffet ass 35 €, ze iwwerweisen op de Kont. Och Leit déi net op d’AG kënnen oder wëlle kommen, kënnen sech awer fir de Buffet an d’Degustatioun umellen.

AMICALE DU LYCÉE NIC BIEVER
LU66 0019 7955 8618 3000
Opgepasst mir hunn en neie Kont bei der BCCE.

Vergiesst w.e.g. net och är Memberskaart ze iwwerweisen (15 €) fir déi, déi et nach net gemaach hätten. Merci.

LNB RECONNECT 2026

Fête des Anciens reloaded

D’ALNB invitéiert Iech häerzlech op den LNB Reconnect 2026.

Datum : Mëttwochs, 13. Mee 2026


Méi Informatioune ginn nach annoncéiert.

Amicale Cup de Pétanque

D’ALNB invitéiert Iech op d’Amicale Cup Pétanque.

Datum : 11. Juli 2026

Plaz : Boulodrome, Diddeleng

Méi Informatioune ginn nach annoncéiert.